D’Awunnerwalrecht – Firwat?

Wéi gesäit Lëtzebuerg an de lëtzebuerger Modell op dee mir houfreg sinn, an Zukunft aus?
Wéi gutt funktionéiren spéider eis Institutiounen, wéi liewe mir an Zukunft zesummen?   Demokratescht Zesummeliewen an enger Gesellschaft bedeit Bedeeligung vun de Bierger un den Entscheedungen déi sie betreffen. Als Land sollte mir den net-lëtzebuergesche Mattbierger déi Dier opmachen an hinnen - ënner Berücksichtigung vun enger Rei Konditounen – et an Zukunft méiglech machen och bei de Chamberwahlen wielen ze goen. E „Jo“ als Äntwert op di zweet Fro am Referendum vum 7. Juni wär fir eis keng Revolutioun mee e Schrëtt no vir, e Schrëtt an di richteg Richtung vun enger mei breeder Biegerbedeeligung.

Mehr lesen »   Lire plus »